Kand, Fra, Hond
En Alldag

Moies ginn ech mat dem Hond, sot d'Kand, an da ginn ech an d'Schoul. A wann ech aus der Schoul kommen, ginn ech erëm mat dem Hond, an da ginn ech erëm an d'Schoul. Da kommen ech heem, soe ménger Mamm moien, iesse mat hier d'Owesiessen, an da geet si mat dem Hond an ech gi schlofen. Moies ginn ech dann erëm mam Hond.

Moies ginn ech op d'Schaff, sot d'Fra, a wann ech owes vun der Schaff kommen, soen ech méngem Kand moien, mir iessen d'Owesiessen, an da ginn ech mam Hond, an da ginn ech schlofen. Moies ginn ech dann erëm op d'Schaff.

Moies ginn ech mat dem Kand, sot den Hond, an da schlofen ech. A mëttes ginn ech erëm mat dem Kand, an da schlofen ech. An owes ginn ech mat der Fra, an da schlofen ech erëm. Ech géif gäeren emol eleng goen...